De Günter Verheugen, fréieren EU-Kommissär fir d'Erweiderung, war Invité an der däitscher politescher Talkshow "Anne Will".
Verheugen, huet eng objektiv Approche iwwer d'tierkesch-EU Relatiounen ausgestallt an hie kritiséiert d'Haltung vun Europa géint d'Tierkei.
De Verheugen huet gewarnt, datt d'EU och fir dem President Erdogan seng Reaktioun responsabel wier.
Dem Verheugen no: „Zënter 60 Joer gëtt d'Tierkei Memberschaft versprach. Dëst Versprieche gëtt awer zënter 60 Joer net respektéiert. Donieft huet d'Tierkei versprach, d'Bäitrëttsverhandlungen am Kader vum Flüchtlingsaccord ze beschleunegen."
Allgemeng gouf de President Erdoğan schwéier vun de Participanten vun der Show kritiséiert. Och déi Lénk Delegéierte Sevim Dağdelen, de Journalist Can Dündar an den däitsche Justizminister Heiko Maas waren op d'Emissioun invitéiert.
Ironescherweis huet de Verheugen den tierkesche President verdeedegt, während d'Tierken (Dağdelen an Dündar) hien haart kritiséiert hunn.



